Książka Merg Lion Peter Lion

Merg

Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich, senger altruistescher Dot voller Heldemutt an engem Duerf, dat si an hien nimools vergiess huet.

Język: Luksemburski
Oprawa: Miękka
Wydawca: TFE Publishing
Dostępność: Dostępna u dostawcy
Wysyłamy za 14-21 dni
72.85
Den George Mergenthaler hat alles: Hie war jonk, charismatesch, ongewéinlech attraktiv, e begaabte S...

Informacje o książce

Język
Luksemburski
Oprawa
Książka - Miękka
Data wydania
2020
strony
236
EAN
9781734509526
ISBN
173450952X
Enbook ID
32966666
Wydawca
Waga
431
Wymiary
152 x 229 x 16

Pełny opis

Den George Mergenthaler hat alles: Hie war jonk, charismatesch, ongewéinlech attraktiv, e begaabte Sportler mat engem Ofschloss vun enger ‘Ivy League’ Universitéit, dee fléissend Däitsch a Franséisch geschwat huet, an ausserdeem war de 'Merg', wéi seng Frënn hie genannt hunn, och nach deen eenzege männlechen Ierwen vun engem grousse Familljeverméigen.

 

Mee am Dezember 1944, nodeem d'Japaner Pearl Harbour ugegraff haten, war dat alles egal. Well hien och wollt säin Deel bäidroen, huet de Merg säi verzaubert Liewen opginn an sech fräiwëlleg bei der Arméi gemellt. Hie gouf engem Opklärungstrupp an der 28ter Infanterie-Divisioun zougedeelt, déi sech sollt duerch Frankräich, d'Belsch a Lëtzebuerg kämpfen. Mëtt November 1944, no zwou Woche vu fuerchtbaren, bluddege Gefechter am Hürtgenwald, gouf di ramponéiert, midd gekämpften 28st Infanterie-Divisioun no Weste geschéckt fir e bësse wuelverdéngten R&R.

 

De Merg an de Rescht vum Opklärungstrupp goufen an där klenger Uertschaft Eschweiler (Eeschwëller) ënnerbruecht, wou d'Zaldoten sech séier mat den Duerfleit ugefrënnt hunn, déi mat hinnen hier Haiser, hier Moolzechten, Hoffnungen an Dreem gedeelt hunn. Well et him liicht gefall ass, ze kommunizéieren, a well hie seng gutt gefëllte Päck vun doheem ëmmer gedeelt huet, huet d'Duerf de Merg geschwënn als een aus hirer Mëtt ugesinn. Fir eng kuerz Zäit huet d'Liewen rëm bal normal geschéngt.

 

D'Idyll gouf ee Mount méi spéit zerschloen, wéi di Däitsch en Iwwerraschungsugrëff duerch d'Bëscher vun den Ardennen gestart hunn. D'Battle of the Bulge hat ugefaang. Zesumme mam Rescht vu Lëtzebuerg war Eschweiler drop an drun, vum schnellen däitsche Virstouss iwwerrannt ze ginn. Wéi den Opklärungstrupp sech huet missen aus dem Duerf zréckzéien, sinn si direkt an d'Truppespëtzt vun den Däitschen an deem Sektor gerannt. Si waren ageklemmt an hate just zwou Optiounen: Gefaangeschaft oder Doud. An dëser Situatioun huet de Merg bewisen, wat fir ee wierklech aussergewéinleche Mann hie war.

Klienci, którzy kupili tę książkę, kupili również

Antifederalists

Jackson Turner Main
203.09

Afganistan

Zahir Jaan Zaher
45.10

Que hace este boton?

DICKINSON BRUCE
77.54
38.32